Rapport vun der 14. Generalversammlung

Den Donneschdeg, den 18. Juni 2026, huet d'Borussia M'Gladbach Fanclub Lëtzebuerg Asbl. seng 14. Generalversammlung am Lokal „An Haffen“ zu Wickreng ofgehalen.

Trotz de sommerlechen Temperaturen an der gläichzäiteg lafender Fussball-Weltmeeschterschaft hu vill Memberen de Wee op eis Generalversammlung fonnt. Dat weist déi grouss Verbondenheet an den Interessi un eisem Fanclub. De Comité huet sech ganz gefreet, esou vill bekannte Gesiichter begréissen ze dierfen an zesumme mat de Memberen op dat vergaangent Veräinsjoer zeréckzekucken.

Zu Ufank vun eiser Generalversammlung hu mir eng Gedenkminutt ofgehalen. De President huet d'Memberen gebieden opzestoen, fir un eis verstuerwe Memberen aus eisem Fanclub ze erënneren. 

 

  • Usprooch vum President

De President Patrick Bousson huet d'Generalversammlung géint 19:35 Auer opgemaach an all d'Memberen häerzlech begréisst.

A senger Usprooch huet hien op d'Saison 2025–2026 zeréckgekuckt an déi wichtegst Evenementer an Entwécklunge vum Fanclub Revue passéiere gelooss. Dobäi huet hien ervirgehuewen, datt de Fanclub sech weider positiv entwéckelt an d'Memberszuel nach eng Kéier geklommen ass.

Zum Ofschloss vu senger Usprooch huet de Patrick der Famill Majerus e grousse Merci ausgeschwat, déi dem Fanclub och dëst Joer nees de Sall gratis fir d'Generalversammlung an Comitésitzungen zur Verfügung gestallt huet.


  • Rapport vum Sekretär Gratia Steve

Am Numm vum Comité huet de Sekretär op d'Aktivitéite vun der Saison 2025–2026 zeréckgekuckt.


Comité

De Comité huet sech an der Saison 2025–2026 wéi follegt zesummegesat:

  • Patrick Bousson – President 
  • Marco Lethé – Vize-President 
  • Emile Werner – Trésorier 
  • Steve Gratia – Sekretär 
  • Gaston Grandgenet – Sekretär (Demissioun de 24. Oktober 2025) 
  • Pol Majerus – Comitésmember 
  • Fernand Tarpani – Comitésmember 
  • Carlo Theis – Comitésmember
  • Jérôme Theis – Comitésmember (kooptéiert de 15. Dezember 2025)  


Keeserevisoren

D'Keeserevisoren an der Saison 2025–2026 waren:

  • René Kleinbauer 
  • Fränk Theis 
  • Jos Jaerling 


Comitéssëtzungen

Fir d'Saison virzebereeden an déi verschidden Aktivitéiten ze organiséieren, huet de Comité am Ganzen siwe Versammlungen ofgehalen.

D'Participatioun war bei alle Reuniounen ganz gutt, wat nach eng Kéier den Asaz an d'Motivatioun vum Comité ënnersträicht.


Busreesen

An der Saison 2025–2026 huet de Fanclub insgesamt 6 Busreesen a Partnerschaft mat der Firma Voyages Leonard organiséiert.

D'Busreesen hunn eis op déi folgend Heemmatcher am Borussia-Park gefouert:

  • 27. September 2025: Borussia Mönchengladbach – Eintracht Frankfurt (4:6) – 29 Participanten 
  • 25. Oktober 2025: Borussia Mönchengladbach – FC Bayern München (0:3) – 109 Participanten 
  • 8. November 2025: Borussia Mönchengladbach – 1. FC Köln (3:1) – 41 Participanten 
  • 13. Mäerz 2026: Borussia Mönchengladbach – FC St. Pauli (2:0) – 44 Participanten 
  • 2. Mee 2026: Borussia Mönchengladbach – Borussia Dortmund (1:0) – 56 Participanten 
  • 16. bis 17. Mee 2026: Borussia Mönchengladbach – TSG Hoffenheim (4:0) – 44 Participanten (Busrees mat Iwwernuechtung) 


Am Ganzen huet de Fanclub an dëser Saison 323 Ticketen fir seng Memberen organiséiert.

Besonnesch gefreet huet eis, datt all Busrees an enger flotter Atmosphär verlaf ass an d'Memberen zesumme vill schéi Momenter am Borussia-Park erliewe konnten.


Dauerkaarten

Nieft de Busreesen huet de Fanclub senge Memberen och während der ganzer Saison seng 4 Dauerkaarten fir all 17 Heemmatcher zur Verfügung gestallt.

D'Dauerkaarte konnten zum Präis vun 40 Euro pro Ticket reservéiert ginn a goufen och dës Saison nees ganz gutt ugeholl.


Sportleche Réckbléck

Borussia Mönchengladbach huet d'Saison 2025–2026 op der 12. Plaz ofgeschloss, mat 38 Punkten an engem Goalverhältnis vun 46:57.

Zum Verglach d'Resultater aus de leschte Saisonen:

  • 2024–2025: 10. Plaz – 45 Punkten (57:55) 
  • 2023–2024: 14. Plaz – 34 Punkten (53:67) 
  • 2022–2023: 10. Plaz – 43 Punkten (52:55) 
  • 2021–2022: 10. Plaz – 45 Punkten (54:61) 
  • 2020–2021: 8. Plaz – 49 Punkten (64:56) 


Memberen

De Fanclub zielt den 18. Juni 2026 insgesamt 287 Memberen. Dat sinn 17 Memberen méi wéi nach virun engem Joer.

Gläichzäiteg goufen 17 inaktiv Memberen aus der Memberslëscht erausgeholl. Dat bedeit, datt de Fanclub an der Saison 34 nei Memberen begréisse konnt – eng ganz positiv Entwécklung.


Aktivitéiten

Och nieft de Busreesen war de Fanclub am Laf vun der Saison aktiv.


  • Jugend-Cup zu Käerjeng

De 6. a 7. September 2025 war de Fanclub nees mam eegene Stand um Jugend-Cup zu Käerjeng vertrueden. Wéi all Joer hu mir dësen Tournoi gär ënnerstëtzt a vill flott Gespréicher mat eise Memberen an de Visiteure gefouert.


Generalversammlung vu Borussia Mönchengladbach

Op der Generalversammlung vu Borussia Mönchengladbach war dëst Joer keng Delegatioun vun eisem Fanclub present.

De President Patrick Bousson huet de Memberen awer e kuerze Resumé iwwer déi wichtegst Themen an Entscheedunge vun där Versammlung presentéiert


Sponsoren

Och an der Saison 2025–2026 konnt eise Fanclub op d'Ënnerstëtzung vu 10 treie Sponsoren zielen.

Mat hirer wäertvoller Hëllef ass et eis méiglech, d'Busreesen an aner Aktivitéite fir eis Memberen zu attraktive Präisser unzebidden. Dofir soe mir all eise Sponsoren e ganz häerzleche Merci.

Mir bedanken eis bei:

  • Agence Immobilière Op der Steh (Crauthem) 
  • CRS Chauffage & Sanitär (Dippech) 
  • MV Real Estate (Cents) 
  • Voyages Leonard (Käerjeng) 
  • Restaurant Alter Schlachthof (Mönchengladbach) 
  • Schräinerei Calmes (Sprénkeng) 
  • AXA Assurance Zenner (Käerjeng) 
  • Déménagement Faber (Zolwer) 
  • Süd Energie (Esch-Uelzecht) 
  • An Haffen (Wickreng) 

.

D'Generalversammlung huet de Rapport vum Sekretär eestëmmeg per Applaus ugeholl.


  • Rapport vum Trésorier Werner Emile

Den Trésorier huet de finanzielle Rapport fir d'Saison 2025–2026 presentéiert.

Hien huet de Memberen en detailléierten Iwwerbléck iwwer d'Akommes an d'Ausgabe vum Fanclub ginn an d'Konten transparent erkläert. Dobäi huet hien ervirgehuewen, datt de Fanclub och an der vergaangener Saison gesond a verantwortungsvoll gefouert gouf.

D'Generalversammlung huet de Rapport vum Trésorier mat Applaus zur Kenntnis geholl.


  • Rapport vun de Keeserevisoren

D'Keeserevisoren haten d'Kees am Virfeld vun der Generalversammlung beim Trésorier den 4. Juni 2026 iwwerpréift.

No enger grëndlecher Kontroll hunn si confirméiert, datt d'Comptabilitéit korrekt an ordnungsgeméiss gefouert gouf. Si hunn der Generalversammlung dofir virgeschloen, dem Trésorier Entlaaschtung (Décharge) ze ginn.

D'Generalversammlung ass dëser Propositioun eestëmmeg nogaangen an huet dem Trésorier per Applaus d'Décharge erdeelt.


  • Neiwahl vu 4 Memberen an de Comité

No der Demissioun vum onsen Kolleg de Gaston Grandgenet de 24. Oktober 2025, deen aus gesondheetleche Grënn aus dem Comité ausgetrueden ass, gouf de Jérôme Theis de 15. Dezember 2025 an de Comité kooptéiert.

Bei dëser Generalversammlung stoungen déi folgend Comitésmemberen zur Neiwal:

  • Marco Lethé 
  • Steve Gratia 
  • Fernand Tarpani 
  • Jérôme Theis 

All véier Kandidaten hunn sech bereet erkläert, hir Aufgab am Comité weider auszeféieren.

Si goufen eestëmmeg per Applaus fir eng weider Mandatszäit gewielt.


De President huet d'Geleeënheet genotzt, fir dem Gast Grandgenet nach eng Kéier villmools Merci fir säin Asaz am Comité ze soen a him fir d'Zukunft alles Guddes a virun allem eng gutt Gesondheet ze wënschen


  • Ernennung vun den Keeserevisoren

Déi dräi Keeserevisoren:

  • René KLEINBAUER 
  • Jos JAERLING 
  • Fränk THEIS 

Hunn sech bereet erkläert, dës Charge och weiderhin ze iwwerhuelen.

Si goufen duerch Applaus vun der Generalversammlung an hirem Amt bestätegt.


  • Planung fir d'Saison 2026–2027

Eise President Patrick huet d'Memberen iwwer d'Pläng fir déi nei Saison informéiert.

Och an der Saison 2026–2027 wëlle mir nees 7 Busreesen organiséieren. Soubal de Spillplang (viraussiichtlech den 2. Juli) publizéiert ass, leeë mir eis Busreesen definitiv fest. D'Memberen ginn duerno esou séier wéi méiglech iwwer de WhatsApp-Grupp an uschléissend och per Bréif informéiert.

Schonn elo stinn dräi Busreesen definitiv fest:

  • Bayern München 
  • Borussia Dortmund 
  • Leschten Heemmatch vun der Saison 

Och eis traditionell lescht Busrees mat Iwwernuechtung ass nees geplangt.


2 Ännerungen am Fanclub


Nei Busgesellschaft

No ville Jore stellt d'Busgesellschaft Leonard (Sales-Lentz Group) hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg an.

Mir wëllen der Firma Leonard e ganz grousse Merci soe fir déi laangjäreg, zouverlässeg a flott Zesummenaarbecht. Wärend ville Saisone hu si eis ëmmer sécher a komfortabel op Mönchengladbach bruecht.

Fir d'Saison 2026–2027 hu mir schonn eng nei Léisung fonnt. An Zukunft gi eis Busreesen an Zesummenaarbecht mat der Firma Vandivinit organiséiert.

Leider musse mir den Départ zu Bascharage ewechfalen loossen, well soss déi maximal zougelooss Fuerzäit vu 13 Stonnen net agehale ka ginn.

Mir freeën eis op dës nei Zesummenaarbecht a si iwwerzeegt, datt eis Memberen och weiderhin déi gewinnt Qualitéit, Sécherheet a Komfort op eise Busreesen erliewe wäerten.


Nei Dauerkaarten

Eis véier Dauerkaarte sinn elo am Block 10 (Mëtt vum Stadion), Rei 28, Sëtz 2 bis 5.

Dës kënnen beim Marco fir 55 € reservéiert ginn (ausser bei eise Busreesen).

Wann déi véier Dauerkaarte scho reservéiert sinn, kënne mir och Eenzeltickete bestellen. Dofir braucht Dir eis just unzeschreiwen oder unzeruffen.


Membersdaten

De Patrick huet drun erënnert, datt all Ännerung vun der Adress, E-Mail-Adress oder Handysnummer dem Carlo Theis matgedeelt soll ginn, deen eis Memberslëscht geréiert.


Wichteg Datumer

  • 5. a 6. September 2026: Jugendturnéier zu Bascharage. Och dëst Joer ass eise Fanclub nees vertrueden. Mir ënnerstëtzen de Jugend-Cup Käerjeng-Bascharage a wäerten op béiden Deeg mat engem Stand present sinn, fir eis Gladbacher U11-Equipe unzeféieren an z'ënnerstëtzen. 
  • 21. bis 24. August 2026: Éischt Ronn vum DFB-Pokal géint Schott Mainz. 
  • 28. August 2026: Start vun der Bundesliga-Saison. Wéinst der Weltmeeschterschaft fänkt d'Saison zwou Woche méi spéit un. D'Retourronn start schonn den 8. Januar 2027. 
  • 22. Mee 2027: Leschte Spilldag vun der Bundesliga. Fir eise Fanclub ass awer virun allem de leschten Heemmatch wichteg, well do eng Busrees mat Iwwernuechtung geplangt ass. Dëse kéint eventuell schonn de 15. Mee 2027 sinn. 


Merci

Zum Schluss huet de Patrick e grousse Merci un eis Sponsoren geriicht. Nëmmen duerch hir wäertvoll Ënnerstëtzung ass et méiglech, eis Busreesen zu faire Präisser unzebidden.

Mir hu nach zwou Sponsorplazen fräi. Wien interesséiert ass oder eng Persoun oder Firma kennt, déi eise Fanclub als Sponsor ënnerstëtze wëllt, kann sech gären beim Jérôme Theis mellen, den zoustänneg ass fir ons Sponsoren.

Och der Gemeng gouf e grousse Merci fir hire Subsid an hir Ënnerstëtzung ausgeschwat.

Zum Schluss huet de Patrick och dem ganze Comité Merci gesot fir den enorme fräiwëllegen Asaz an déi vill geleeschten Aarbecht am Laf vum Joer.

De Comité gouf vun der Generalversammlung mat engem grousse Applaus gefeiert.


  • Membersbäitrag

Et gouf decidéiert, de Präis vun der Memberskaart net unzepassen.

De Joresbäitrag bleift och fir d'Saison 2026–2027 bei 15 €.

Dës Decisioun gouf vun der Generalversammlung per Applaus ugeholl.


Ausserdeem krut eis Memberskaart e frëschen Design. De Steve huet am nächste Punkt och déi nei Homepage presentéiert, wou och déi nei Memberskaart ze gesinn ass.

D'Memberskaarte ginn Mëtt August zesumme mam Informatiounsbréif iwwer déi 7 Busreesen un d'Memberen verschéckt.


  • Presentatioun vun der neier Homepage

De Steve huet eis mat groussem Engagement déi nei Homepage vum Fanclub presentéiert. Mat engem moderne Design an enger einfacher Navigatioun fannt Dir do all wichteg Informatiounen, Neiegkeeten an eis Aktivitéiten op ee Bléck. E Besuch lount sech!

🌐 www.borussia-fanclub.org


  • Éierung vun de Memberen

Dëst Joer goufen 23 Memberen fir hir 10 Joer Memberschaft geéiert.

Néng dovun waren op der Generalversammlung present a kruten als Unerkennung e Kaddo an e Zertifikat iwwerreecht.


Fanartikel

Um Stand vum Pol goufen T-Shirten a Jacketten zu flotte Liquidatiounspräisser ugebueden.


  • Fräi Aussprooch

Et goufen zwou Wuertmeldungen:


1. Départ Beetebuerg

Et gouf nogefrot, firwat den Départ zu Beetebuerg ewechgefall ass.

De Grond ass d'Aféierung vum résidentielle Parking duerch d'Gemeng Beetebuerg, awer elo sollt de Parking erem gratis sinn!

De Comité huet dës Bemierkung zur Kenntnis geholl.


2. Merci un de Comité

Ee Member huet dem Comité fir déi gutt Aarbecht Merci gesot. Hien huet besonnesch ervirgehuewen, datt hien no enger kuerzfristeger Ofso vun der leschter Busrees (wéinst engem Stierffall an der Famill) säi Geld (Ausser Hotelzëmmer) ouni Problem rembourséiert krut.


Ofschloss

Als klengen Erënnerungskaddo krut all Participant eng Wantermutz mat eisem Fanclub-Logo. Zousätzlech hu mir nach lecker personaliséiert Kichelcher verdeelt. Wann och Dir op der Sich no originelle personaliséierte Kichelcher sidd, da kuckt gär emol op www.kichelcher.lu

Zum Ofschloss hu mir eise Memberen, déi present waren, bei engem gemittleche Patt an e puer Pain surprise Merci gesot.

Géint 22:00 Auer gouf d'Generalversammlung offiziell ofgeschloss.