Mir Informéieren, datt d'Busgesellschaft Leonard hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg astellt.
Mir wëllen dës Geleeënheet notzen, fir der Firma Leonard (Sales-Lentz Group) villmools Merci ze soen fir déi laangjäreg an zouverlässeg Zesummenaarbecht. Wärend ville Saisonen hu si eis sécher a komfortabel op Mönchengladbach begleet.
Fir d'Saison 2026–2027 hu mir schonn eng nei Léisung fonnt. Eis Busreesen ginn an Zukunft a Partnerschaft mat der Firma Vandivinit organiséiert.
Mir freeën eis op dës nei Zesummenaarbecht a si iwwerzeegt, datt eis Memberen och weiderhin déi gewinnte Qualitéit, Sécherheet a Komfort bei eise Reesen erliewe wäerten.