Informatiounen zum Fanclub
Borussia Mönchengladbach Fanclub Lëtzebuerg Asbl
Offiziell unerkannten Fanclub säit dem 22. November 2011
RCS: F11681
Postadress:
BP 1
L-4901 Bascharage
Siège:
„An Haffen“ zu Wickreng
13, rue des Trois Cantons
L-3980 Wickrange
De Fanclub organiséiert a koordinéiert alles, wat d'Fans aus Lëtzebuerg mat Borussia Mönchengladbach verbënnt. Eist Haaptzil ass et, eise Memberen e komplette Service ronderëm d'Heemmatcher an d'Veräinsliewen ze bidden.
Mir organiséieren all Bundesliga-Saison 6 bis 7 Busreesen an de BORUSSIA-PARK, ënnerstëtzen eis Memberen bei Ticketbestellungen, stellen 4 Dauerkaarten am Block 10 (Mëtt vum Stadion) zur Verfügung a beméien eis, wann néideg, och Eenzeltickete fir d'Heemmatcher ze bestellen.
All Member kritt virum Start vun der Bundesliga-Saison eng personaliséiert Memberskaart, op där op der Récksäit de komplette Spillplang vun de Borussia-Matcher drop ass. Zesumme mat der Memberskaart kritt all Member och eisen Infobréif mat allen Informatiounen zu de geplangte Busreesen geschéckt.
Zousätzlech gëtt all Member an eise WhatsApp-Grupp invitéiert, wou hien direkt Informatiounen iwwer Ticket-Disponibilitéiten, Busreesen an all wichteg Noriichte kritt.
Mat engem Joresbäitrag vu just 15 € pro Bundesliga-Saison ass jidderee wëllkomm, deen d'Passioun fir Borussia Mönchengladbach mat eis deele wëll.