Wëllkomm beim Borussia MG Fanclub Lëtzebuerg 🇱🇺

Mir sinn eng leidenschaftlech Gemeinschaft vu Fans vir Borussia Mönchengladbach aus Lëtzebuerg. Mat grousser Begeeschterung an enger staarker Verbonnenheet zur Borussia liewe mir d'Faszinatioun Fussball - um Terrain an och doriwwer eraus.
 
E besonneschen Highlight an eisem Fanclub sinn eis reegelméisseg Busreesen an de BORUSSIA-Park op Mönchengladbach.
6 bis 7 mol pro Saison maache mir eis zesummen op de Wee, fir eis Equipe lautstark am Stadion z'ënnerstëtzen an déi eenzegaarteg Atmosphär live ze erliewen.

 
Eise Veräin huet aktuel ronn 290 Memberen a gëtt vun engem engagéierte Comité vun 8 Leit gefouert, déi mat vill Asatz an Häerzblutt d'Veräinsliewen gestalten.
Egal ob jonk oder al - bei eis ass jidderee wëllkomm, deen Passioun fir Borussia Mönchengladbach deelt. Gëff Deel vun eiser Gemeinschaft an erliew d'Borussia an enger staarker Fanfamill!
Borussia verbënnt - och iwwer Grenzen eraus.

Mir soen eise Sponsore villmools Merci fir hier Ënnerstëtzung!